Vëlosummer 2026 | Mam Jangeli op Europa-Tour

Mam Jangeli op Europa-Tour

Den Tour ass vum 18. Juli bis de 16. August befuerbar a féiert iwwer déi al „Jangelisbunn“ vu Réimech op Mondorf, weider iwwer d’„Neelchesbirenallee“ bis bei d’Maus Kätti zu Biermereng.

Start ass zu Réimech:

  • laanscht d’Bolzplaz iwwer d’Avenue Lamort-Velter bis an d’Rue de la Gare
  • laanscht d’Kierch a Richtung „Jangelisbunn“, duerch de Bësch (PC11 – asphaltéierte Wee) erop bis op Ellange-Gare (de Wee vor vun 1882 bis 1955 Deel vun der Schmuelspuereisebunnslinn tëscht Lëtzebuerg-Stad a Réimech)
  • hannert der Zone „Triangle Vert“ laanscht wou een e flotten Ausbléck op Mondorf wou Highlighte wéi d’Thermalbad, d’Loftfoartmuseum an eng Easy-Golf-Anlag am Thermalpark op iech waarden
  • weider geet et duerch d’„Neelchesbirenallee“, laanscht d’Maus Kätti zu Biermereng a gläich dono kënnt dir e fantastesche Bléck iwwert d’Museldall genéissen mam Naturschutzzenter Biodiversum Camille Gira an dem Reservat „Haff Réimech“ wou vis-à-vis d’Baggerweieren leien, déi all Joer e sëlleche Waasserraten unzéien
  • duerch d’Wéngerten an heemlech kleng Dierfer, laanscht d’Valentiny Fondatioun – e Must fir Konschtbegeeschtert Leit – kommt dir zréck op d’Musel a Réimech.

Hei de Link op den Tour: : Mam Jangeli op Europa-Tour

Generell Infos zum Vëlosummer

De Vëlosummer ass eng gemeinsam Initiativ vum Wirtschaftsministère an dem Ministère fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten. An Zesummenaarbecht mat de Gemengen, ginn eng Partie Stroossen uechter d’Land fir d’Vëlosfuerer reservéiert. Des Vëlostier kennen de Weekend, oder wärend der ganzer Dauer vum Vëlosummer gefuer ginn.

Des Vëlostier bidden déi besonnesch Geleeënheet iwwert d’Éisleker Koppen ze fueren, laanscht d’Fielsen am Mëllerdall, oder fir d’Wéngerte vun der Musel ze entdecken. Et huet een d‘Méiglechkeet laanscht de Stauséi oder d‘Schlässer am Guttland ze fueren, an de Minett um Vëlo kennenzeléieren. Ënnerwee fiert ee laanscht touristesch Highlights.

Praktesch Infos

  • Déi véierzéng Vëlostier am Detail fannt dir op enger Kaart, fir erofzelueden oder gratis ze bestellen op www.velosummer.lu.
  • Dir hutt kee Vëlo oder keng Transportméiglechkeet fir Äre Vëlo?
    Laanscht villen vun de Vëlosummer Strecke kann ee bequeem e Vëlo reservéieren a lounen. Wéi eng Locatiouns Statioun fir wéi een Tour a Fro kënnt, fannt dir op der Vëlosummerkaart oder op de Websäite vun deenen eenzelnen Tier. Dir musst Äre Vëlo am viraus reservéieren op www.visitluxembourg.com/bike-rentals oder bei deene verschiddenen Vëloslocatiouns Statiounen.
  • Fir e Vëlostour vun e puer Deeg, kann ee bed+bike Hebergementer notzen déi op Vëlosfuerer als Clientèle spezialiséiert sinn a mam Gepäckdéngscht movewecarry.lu kënne sech d‘Vëlosfuerer hiert Gepäck vun engem gebuchten Hebergement bei dat nächst liwwere loossen.

Concours “Vëlosummer Challenge”

Matt der „Vëlosummer Challenge“ an der VisitLuxembourg App kënnt dir e giele Vëlosummertrikot gewannen wann dir déi véierzéng Tier vum Vëlosummer packt an di 14 Froen richteg beäntwert!

Méi Infos: Vëlosummer Challenge

Wichteg

Och wärend dem Vëlosummer, bléift et wichteg drun ze denken, datt:

  • déi gespaarte Stroossen weiderhi fir Awunner an den ëffentlechen Transport zougänglech bleiwen an de Code de la route zu all Ament a Kraaft bleift
  • Vëloen kënnen nëmmen op den Ofstellplazen an Zich a Bussen transportéiert ginn déi dofir virgesi sinn
  • d’Piste vum Vëlosummer si beschëldert.

Crémant a Kultur Festival | 20. Editioun

All Joers op Kiermessonndeg begréisst d’Stad Réimech Iech op hirem traditionelle  Crémant und Kultur Festival. Nieft enger “Kirmes wéi fréier“ stelle sëllech Kënschtler hir Wierker fir de Verkaf aus.

Programm:

  • Food corner mat lokalem Wäin a Crémant
  • Verkaafststänn
  • Animatioun fir Kanner
  • Kirmes wéi fréier
  • Concerte:
    7 Moukekingen 11:00-12:30
    Tascha 13:00-15:00
    Moselland Kapelle Wincheringen 16:00-18:00

Open-Air Kino | Bridget Jones – Mad about the boy

Erlieft zesumme mat Famill a Frënn e puer gemittlech Stonnen ënner fräiem Himmel !

Bridget Jones – Mad about the boy

Ënnerstëtzt vum Shazzer, Jude an Tom, hirer Aarbechtskolleegin Miranda, hirer Mamm souwéi hirer Gynäkologin Dr. Rawlings, stierzt sech d’Bridget nees an d’Aarbecht a fänkt un, erëm méi aktiv um Liewen deelzehuelen.

Wéi si probéiert, Beruff, Famill a Léift ënner een Hutt ze kréien, gesäit si sech geschwë mat allerlee Erausfuerderunge konfrontéiert. Sou muss si sech net nëmme géint d’Virurteeler vun de vermeintlech perfekte Mammen an der Schoul behaapten, mee och mat den Avancë vun engem däitlech méi jonke Mann ëmgoen an eng Rei peinlech Treffe mam iwwerrationalen Naturwëssenschaftsenseignant vun hirem Jong iwwerstoen.

Mee d’Bridget Jones wier net d’Bridget Jones, wann si all dës Hürden net op hir chaotesch, awer charmant Aart a Weis géif meeschteren.

** Sprooch: EN | Ënnertitelen: FR / DE

Gratis Entrée | Iessen & Gedrénks sur Place

Schlecht Wieder ?
Kee Problem, de neien Iwwerdaach suergt dofir, dass jiddereen dréche bleift!

Open-Air Kino | Pumuckl und das große Missverständnis

Erlieft zesumme mat Famill a Frënn e puer gemittlech Stonnen ënner fräiem Himmel!

Pumuckl an dat grousst Mëssverständnis, e Film fir d’ganz Famill:

Beim Meeschter Eder ass all Dag eppes lass, well a senger Schräinerei lieft de klenge Pumuckl, e virwëtzegen a lëschtege Kobold, dee gären Dommheete mécht.

Mat enger Schildkröt, engem Ausfluch op d’Land an och nach dem Gebuertsdag vum Noper Burke geet et dëse Summer beim Eder a Pumuckl drënner an driwwer. Do feelt just nach e grousst Mëssverständnis, dat op eemol all Bedeelegt virun eng schwéier Prouf stellt.

** Sprooch: däitsch | Ënnertitelen: franséisch

Gratis Entrée | Iessen & Gedrénks sur Place

Schlecht Wieder ?
Kee Problem, de neien Iwwerdaach suergt dofir, dass jiddereen dréche bleift!

Gréin Club des Jeunes Réimech

Vu Juni bis August invitéieren d’Veräiner a Klibb vu Réimech Weekend fir Weekend op hirt traditionellt Wisefest “Um Gréin”.

Vu Woch zu Woch ginn Grillspezialitéiten, Wäin vu verschiddene Miseler Wënzer an och e gudde Patt vum Faass. Donieft suerge Musiker, Orchesteren an DJ’s fir déi richteg Stëmmung, wou een dann och scho mol seng Danzkënscht ënner Beweis stelle kann.

Bacchusfescht

D’Bacchusfescht, all Joers op Maria Himmelfahrt, ass e grousse Floumoart mat Stänn de vun der Esplanade bis op Dr. F. Kons-Plaz.

Fir d’Pausen zwëschen de Floumäert-Stänn suerge regional Iess-, Wäin- a Cremantsstänn.

Gréin Supporterclub URB & Miss Crémant

Vu Juni bis August invitéieren d’Veräiner a Klibb vu Réimech Weekend fir Weekend op hirt traditionellt Wisefest “Um Gréin”.

Vu Woch zu Woch ginn Grillspezialitéiten, Wäin vu verschiddene Miseler Wënzer an och e gudde Patt vum Faass. Donieft suerge Musiker, Orchesteren an DJ’s fir déi richteg Stëmmung, wou een dann och scho mol seng Danzkënscht ënner Beweis stelle kann.

De Supporterclub organiséiert hirt Fest de 15.+16.08 ënnert dem Motto “Fête du Crémant”.

Sonndes, 16.08.2028 : Wiel vun der Miss Crémant

Méi Infos: misscremant.lu

Gréin DT Scheierbierg

Vu Juni bis August invitéieren d’Veräiner a Klibb vu Réimech Weekend fir Weekend op hirt traditionellt Wisefest “Um Gréin”.

Vu Woch zu Woch ginn Grillspezialitéiten, Wäin vu verschiddene Miseler Wënzer an och e gudde Patt vum Faass. Donieft suerge Musiker, Orchesteren an DJ’s fir déi richteg Stëmmung, wou een dann och scho mol seng Danzkënscht ënner Beweis stelle kann.

Gréin Playcornhole

Gréin Cercle de Gymnastique Remich

Gréin Harmonie Municipale Concordia Remich

Vu Juni bis Enn August invitéieren d’Veräiner a Klibb vu Réimech Weekend fir Weekend op hirt traditionellt Wisefest “Um Gréin”.

Vu Woch zu Woch ginn Grillspezialitéiten, Wäin vu verschiddene Miseler Wënzer an och e gudde Patt vum Faass. Donieft suerge Musiker, Orchesteren an DJ’s fir déi richteg Stëmmung, wou een dann och scho mol seng Danzkënscht ënner Beweis stelle kann.

Gréin Union Remich Bous

Vu Juni bis August invitéieren d’Veräiner a Klibb vu Réimech Weekend fir Weekend op hirt traditionellt Wisefest “Um Gréin”.

Vu Woch zu Woch ginn Grillspezialitéiten, Wäin vu verschiddene Miseler Wënzer an och e gudde Patt vum Faass. Donieft suerge Musiker, Orchesteren an DJ’s fir déi richteg Stëmmung, wou een dann och scho mol seng Danzkënscht ënner Beweis stelle kann.

IRONMAN 70.3 Luxembourg | Remich, Région Moselle

3 Länner, 1 Course

Am Häerz vun Europa läit dat lescht Groussherzogtum vun der Welt a bitt den Athleten déi eenzegaarteg Méiglechkeet gläichzäiteg an 3 Länner ze starten – an Däitschland ze schwammen, a Frankräich mam Vëlo ze fueren an zu Lëtzebuerg ze lafen. D’Muselregioun ass eng Weltklass Wäiregioun, an ass och bekannt fir seng héichwäerteg Gastronomie a sëllech Fräizäitaktivitéiten.

Gréin DT Remich