Concert Jugendband Wegenstettertal

D’Jugendorchester aus dem Nordweste vun der Schwäiz besteet aus Memberen tëscht 15 a 25 Joer al. Si plange ca. all dräi Joer eng grouss Europa-Tour, fir flott Plazen ze besichen an op der Strooss oder an de Concertssäll Concerten ze spillen.

D’Tour, déi fir dëse Summer geplangt ass, féiert si ënner anerem op Lëtzebuerg, wou si e puer Deeg an der Regioun verbréngen a sech drop freeën, e gratis Concert zu Réimech ze ginn.

Komm laanscht an ënnerstëtzt déi jonk Museker!

 

Hämmelsmarsch

D’Réimecher Musek spillt och dëst Joer den Hämmelsmarsch fir d’Kiermes duerch Réimech, eng Aart musikalesch Parade, déi den Ufank vun der Kiermes annoncéiert.

Den Hämmelsmarsch ass eng typesch Lëtzebuergesch Traditioun: d’lokal Museksveräin geet duerch d’Stroossen, fir jiddereen op d’Kiermes anzelueden. Fréier huet e Schéifer de Cortège mat senge schéinste Schof ugefouert.

Wärend dem Hämmelsmarsch sammelt de Museksveräin Spenden, eng wichteg Akommesquell fir de Club.

Samschdes 19.09: ab 09:00 fueren si mam Trakter duerch Réimech fir den Hämmelsmarsch ze spillen.

Sondes 20.09: 08:30 – 11:00 gin si ënnen a Réimech zu Fouss duerch d‘Gassen a spillen den Hämmelsmarsch.

Floumoart

De Flou- a Sammlerclub invitéiert op säi Floumoart zu Réimech op der Dr. F. Kons-Plaz. Hei fannt Dir op diverse Stänn Antikitéiten, Miwwelen an aner gebrauchte Schätz, déi Dir zu erschwéngleche Präisser kafe kënnt.

Bacchusfescht

D’Bacchusfescht, all Joers op Maria Himmelfahrt, ass e grousse Floumoart mat Stänn de vun der Esplanade bis op Dr. F. Kons-Plaz.

Fir d’Pausen zwëschen de Floumäert-Stänn suerge regional Iess-, Wäin- a Cremantsstänn.

 

Floumoart

De Flou- a Sammlerclub invitéiert op säi Floumoart zu Réimech op der Dr. F. Kons-Plaz. Hei fannt Dir op diverse Stänn Antikitéiten, Miwwelen an aner gebrauchte Schätz, déi Dir zu erschwéngleche Präisser kafe kënnt.